About Banner

Iwwert Eis

Eis Missioun

Et ass eis Aufgab all Dokumenter, Videoen, Pläng, Postkaarten, Fotoen an Objeten, déi e Bezuch op d’Gemeng Péiteng hunn, ze sammelen, ze archivéieren an de Bierger zougänglech ze maachen.

E Wuert vum Präsident

Härzlech Wëllkomm um Internetsite vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Péiteng. Eise Veräin setzt sech zënter 2004 fir d’Erhale vun der lokaler Geschicht an.

D’Geschicht vun engem Land ass wichteg, si weist eis wou mir hierkommen, a wat eis Virfueren viru Joerhonnerten erlieft hunn. Déi lokal Geschicht vun enger Régioun, engem Duerf oder enger Gemeng bleift dobäi leider oft op der Streck, wat Schued ass, zemools wann et sech ëm eng Gemeng handelt déi vill zur Geschicht vun engem Land an de vergaangenen 150 Joer bäigedroen huet.

Mir hunn eis haut als grousst Ziel gesat, fir Jonk Leit un der Lokal Geschicht ze begeeschteren, fir dass dëse flotte Veräin och an den nächsten 30 Joren eng Zukunft huet.

Merci fir all Ënnerstëtzung
- Max Majerus, Präsident

President

Grënnungsdaten

Gegrënnt gouf de Veräin den 29. Mäerz 2004

Eis Statute goufen den 19. Abrëll 2004 opgestallt an e provisoresche Verwaltungsrot gouf genannt

Den 10. Mee 2004 sinn eis Statuten am Enregistrement agedroe ginn, de 17. Mee sinn se op der Gemeng ugeholl ginn, an eise Veräin ass op d’Subsidelëscht gesat ginn

Den 28. Juni 2004 ass den definitive Verwaltungsrot bestëmmt ginn

Den 7. August 2004 hu mir Raimlechkeete vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kritt

Den 17. Januar 2005 hu mir mat der Gemeng eng Konventioun iwwert d’Zesummenaarbecht ënnerschriwwen

Den 20. Januar 2006 war eis éischt Generalversammlung

Memberen & Verwaltung

Eis Memberen

Geschichtsfrënn Péiteng

Amis de l'Histoire Pétange

Bureaux

1A, Avenue de la Gare

L-4873 Lamadelaine

Post & Bank

1A Avenue de la Gare, L-4873 Lamadelaine

Banque: BCEE LU26 0019 5655 0734 8000

Kontakt

GSM: +352 50 12 51 6250

E-Mail: [email protected]

Copyright 2026 Geschichtsfrënn Péiteng

Made with ❤️ by

Toujou Studios